Wëllkomm op eiser Säit

Als Géisdrëfer Theaterfrënn sinn mir beméit iech all Joer e puer lëschteg Stonnen ze vergonnen. Fir iech iwwert all nei Theatersaison um Lafenden ze halen an iech en Abléck an eise Veräin ze ginn, dofir hunn mir dës Internetsäit ageriicht. Vill Spaass beim Liesen a Kucken.

De Jos an Aktioun ...

E Cocktail, Tombola an e Maufel fir den Honger,

hunn mir all Joer op d'Neits.

Eis Equipe virun der Bühn

Ob 1 Schrack vijenzeg oder 3 no riets; d' Martine Reichling kuckt wéi et am Beschten ass, iwwerdeems de Jean-Claude Thines eis den Text an d'Ouer flüstert.