Geschicht

Obwuel seit eiweg zu Géisdrëf schon Theater gespillt gin as, hun e puer engagéiert  Leit sech den 3. Oktober 1994 zesummen gedoen an eis Theateréquipe als offiziellen Theaterverein,  ennert dem Numm „Theaterfrënn Géisdrëf“ an d’Liewen geruff.

De Comité bestung aus folgenden Memberen:

 

Mores Nicolas, Präsident

Goeres Marcel, Vizepräsident

Reding Karin, Secrétaire

Peiffer Carine, Caissière

Baulisch Jos, Beisitzender

Schaul Jos, Beisitzender

 

 

Dat eischt Stëck wat mir dun ennert dem Numm Géisdrëfer Theaterfrënn gespillt hun war d‘“Jonggeselleköscht“ vum Alain Atten ennert der Regie vum Nicolas Mores.

Dest Stëck war schon e puer Joer virdrun u Géisdrëf mat vill Succès opgefouert gin. Fir un deen Succès unzeknäppen hun mir deemols decideiert d’Jonggeselleköscht mat bal derselweschter Besetzung ze wiederhuelen.

 

Seitdem spillen mir Joer fir Joer bei voll besatenem Sall Theater. Am Ufang un 3 Owender ennert der Regie vum Nicolas Mores, duerno , bis 2002 ennert dem Jos Baulisch. 2003 huet dun un 4 Owender den Marcel Arendt an 2004 den Carlo Nickels sech an déer wichteger an nervenopreiwender Arbecht vun der Regie versicht. Vun 2005 bis 2016 huet d'Tina Weber des verantwortungsvoll Platz iwerholl an säit 2017 steet d'Regie erem ënner der Leedung vum Carlo Nickels a vum Romain Biersbach. Zanter 2015 spillen mir elo un 5 Owender, an mir hun wölles och nach lang mat aerer Ennerstetzung, léiw Zuschauer, weider ze fueren, well fir eis get et neischt mei scheines wei iech fir e puer Stonnen an eis dachs turbulent an verzweckten Theaterwelt ze entféieren.

 

Zur Zeit besteht eisen Verein aus 50 Memberen wouvun 15 – 20 aktiv Spiller sin.

Als Merci un eis Memberen machen mir dann all Joer e klengen Ausfluch an all 2t Joer sin mir zuguer e ganzen Weekend on tour.

 

Awer eemol an Joer sin mir och ganz seriö a machen en anstännegen Don un eng Associatioun hei am Land, natiirlech verbonnen mat engem gudden Maufel an engem söffegen Patt. Soss wiren mir jo net wat mir sin, nämlech, d’Theaterfrënn Géisdrëf.

 

 

Click me